Den ACEL Studentecorner
Du wëlls deemnächst studéiere goen an hues dausend Froen? Oder du bass aktuell op enger Uni oder enger Héichschoul ageschriwwen, mee och hei ginn et Onkloerheeten? Dann ass den ACEL Studentecorner genee déi richteg Sendung fir dech!
- Indexed episodes, last 90 days
- 3
- Latest publication
- Aug 31, 2026
- Audience
- Checking…
- Earliest in this view
- Aug 4, 2026
Latest episodes
Episod 19 - D'ALUS an den LSH op Besuch (opens the original)
Read excerpt
Den 28. August waren d'Hannah vun der ALUS an de Seid vum LSH am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne sech d'Stied Stroossbuerg an Heidelberg als Studentestied méi genee ugekuckt. Wou kann een hei gutt iesse goen a richteg Party maachen? Wéi ass d'Wunnengssituatioun? Wéi eng Oplage ginn et op de jeeweilegen Unien an Héichschoulen? Alles dat a nach vill méi an dëser Editioun vum Studentecorner am August. P.S.: zu Stroossbuerg gëtt engem Member vun der ALUS sécherlech net langweil
Episod 18 - D'Oochener REEL op Besuch (opens the original)
Read excerpt
Den 21. August waren d'Leny an de Philippe am ACEL Studentecorner op Besuch. Dobäi huet et sech ëm eng speziell Sendung gehandelt, well hei huet sech alles ëm d'REEL zu Oochen gedréint. Esou huet d'Anne mat hinnen iwwert d'REEL am Allgemenge geschwat. De Programm gouf am Detail gekuckt an och iwwert d'Journée Politique gouf diskutéiert. D'Diana vun der ACEL huet och nach erkläert, wat d'Aufgabe vun der ACEL bei enger REEL sinn. P.S.: Oochen huet och eng ganz magesch Zuel - nämlech d'Siwen!
Episod 17 - Den AVL an d'ALSEP op Besuch (opens the original)
Read excerpt
Den 31. Juli waren den Thomas vum AVL an d'Sophie vun der ALSEP am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert den AVL an d'ALSEP geschwat. Wéi ass et zu Oochen ze studéieren? Wat kann een alles zu Ooche studéieren? Wéi gesäit de Bildungswee vun enger Joffer oder engem Schoulmeeschter aus? A wat kann een sech ënnert dem Studium Heelpädagogik a Musekspädagogik virstellen? P.S.: Oochen huet och eng ganz magesch Zuel - nämlech d'Siwen!
Publishing over time
Last 90 days. Choose a month to open its work.
Recurring subjects
Named in the text we hold. One piece can cover several.
Audience
No verified audience measurement yet.
About this data
Counts cover the work we have indexed. Tone needs enough text and a confident classification. Excerpts and episode notes are not full articles or transcripts.
Identity or attribution wrong? Suggest a correction.